“Si befreit d’Melusina aus hirer legendärer Zwangsjackett.”
Bettina Sabbatini
D'Bettina Sabbatini Scholl lieft a schafft zu Lëtzebuerg. No hire Konschtstudien zu Florenz an zu Paräis ginn hir Skulpturen op nationalem an internationalem Niveau presentéiert, a Galerien oder op ëffentleche Plazen, dorënner och hir berühmten, monumental Still. Verschidde Wierker sinn haut Deel vun de Kollektioune vum Nationale Geschichtsmusée a vun der Villa Vauban zu Lëtzebuerg.
Faszinéiert vun allem, wat mat Mythen ze dinn huet, daucht d’Kënschtlerin an déi afrikanesch Kultur an a realiséiert Figuren an Totemen. Si verbënnt hiren ausgeloossenen Humor mat der Maîtrise vun engem exigente Material, dacks Bronze mat ausgeschmolzenem Wuess, mat Faarwe patinéiert : Kleng béisaarteg Genien dauchen aus Muschelen a Mieresdéieren op (Biennale vu Venedeg 2010). Si befreit d’Melusina aus hirer legendärer Zwangsjackett. Et ass eng Dramkreatur, déi sech an d’Loft erhieft, sech als Libell verwandelt, oder als Topmodell, als Ballerina, déi sech wolllüsteg, verspillt oder launesch weist. Viru kuerzem sinn hir Eilen-Symboler « Nuetsapdikten » bei déi lëschteg Ronn vu Geeschter derbäikomm.