De Mains De Maîtres - Biennale 2018 Catalogue de l'exposition

DE MAINS DE MAÎTRES | 119 De Jean-Paul Thiefels ass 1952 zu Lëtzebuerg gebuer. D’Léift zur Natur an zur Konscht grad wéi d’Geschéckerlechkeet huet hie vu sengem Papp geierft. Sou huet hie ganz fréi geléiert, net nëmmen ze kucken, mee ze gesinn. Dofir ass et net verwonnerlech, dass aus deenen Affinitéiten eppes Artistesches a Kreatives entstan ass. Nodeems hien ufanks e puer praktesch Objete wéi kleng Dëscher oder aner kleng Miwwelstécker aus Eenzelstécker, déi en aus dem Bësch matbruecht huet, geschafen huet, huet hien ugefaangen, sech fir déi kënschtleresch Skulptur ze passionéieren, eppes, wat hien elo schonn zënter 10 Joer mécht. Seng ganz organesch Skulpturen zeechne sech duerch hir natierlech a fléissend Formen aus, déi sou munch een als sensuell bezeechent, an déi d’Leidenschaft vum Kënschtler ausstralen. Aus der Oppositioun vu poléierten Uewerflächen an deenen, déi natierlech gelooss gi sinn, entstinn Tensiounen an de Formen, déi engem Loscht maachen, se unzepaken, fir se ze erfaassen. D’Devise vum Kënschtler ass: «Eng Konscht a vill Léift». Jean-Paul Thiefels est né en 1952 à Luxembourg. L’amour pour la nature, les arts ainsi que l’habileté manuelle lui a été transmis par son père. C’est ainsi qu’il a appris très tôt non seulement à « regarder » mais aussi à « voir » les choses. Il n’est donc en rien étonnant que ces affinités ont abouti à un déploiement artistique et créatif. Réalisant au début quelques objets pratiques tels que tables basses ou autres petits mobiliers à partir de pièces uniques rapportées des bois, cette passion s’est dirigée vers la sculpture artistique qu’il pratique maintenant depuis plus de dix ans. Ses sculptures, très organiques, se caractérisent par leurs formes naturelles et fluides, que d’aucuns ressentent comme sensuelles, et qui rayonnent de la passion de l’artiste. Des tensions vibrantes naissent dans les formes de l’opposition de surfaces polies à celles laissées au naturel et donnent envie de les toucher pour bien les appréhender. La devise de l’artiste : « un Art et beaucoup d’Amour » Jean-Paul Thiefels was born in 1952 in Luxembourg. His love for nature, arts and manual skills comes from his father. That is how he learns, from the early age, not only to « look » but also to « see » things. It is therefore not surprising that his affinities ended in a creative and artistic deployment. Achieving at first practical objects such as coffee tables or other small furniture from wood brought back from forests, his passion turned towards artistic sculpture that he practices now since more than 10 years. His sculptures, very organic, are characterised by natural forms and fluids that some finds sensual and which radiate from the artist passion. Vibrating tensions arise from the forms, from the opposition of polished to natural surfaces, and make want to touch them to apprehend them well. The motto of the artist: “Art is lots of Love”. Jean-Paul THIEFELS PHOTO: ©Gery Oth

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=