De Mains De Maîtres - Biennale 2018 Catalogue de l'exposition
DE MAINS DE MAÎTRES | 7 "Gestes et merveilles"- D'Gréisst vum Lëtzebuerger Konschthandwierk Eist Land definéiert sech duerch seng Oppenheet, säi wirtschaftleche Wuelstand a säi kulturelle Räichtum. Am Laf vun der Geschicht huet Lëtzebuerg duerch eng ganz Rei territorial an demographesch Verännerunge seng sproochlech Villfalt an domat och en aussergewéinlech oppene Geescht, wat Aflëss vu baussen ubelaangt, kultivéiert. Esou bitt et e virdeelhafte Kader, fir sech ze treffen an auszetauschen. D'Lëtzebuerger Handwierk reflektéiert op eng perfekt Aart a Weis déi lëtzebuergesch Mark. D'Ausmooss vun den Aktivitéiten an d'Progrèsen, déi grad an dësem Secteur realiséiert ginn, ass bemierkenswäert. Als wichteg Acteure vun der nationaler Wirtschaft sinn dës Beruffer um Schnëttpunkt vum Nëtzlechen a vun der Konscht, si si Quell a Katalysator vun technologeschen a kënschtlereschen Innovatiounen. D'Originalitéit vum lokalen handwierkleche Patrimoine hänkt mat senger stilistescher Villfalt zesummen. Seng Evolutioun spigelt d'Geschicht vun enger eenzegaarteger sozialer Struktur. Déi vill verschidde Kulturen, déi op deem selwechte Lëtzebuerger Territoire liewen, hunn eng räich an extreeem authentesch Konschtlandschaft ervirbruecht. Am Laf vun de Joerhonnerten hunn déi vill kulturell Aflëss eis kreativ Industrië beräichert an d'Handwierker hunn eng aussergewéinlech Fäegkeet entwéckelt, sech déi Apporten aus dem Ausland unzëeegnen a se ze vereenegen. E gewëssene Virwëtz reegt d'Kreateuren un, no engem Dialog iwwert d'Grenze vum Grand-Duché eraus ze sichen. Domat gi si dem Lëtzebuerger Konschthandwierk eng Visibilitéit an eng Plaz op der internationaler Bühn. D'Sich no neie Materialien an innovative Produktiounstechnike stimuléiert och d'Oppenheet vum Konschthandwierk fir eng interdisziplinär Zesummenaarbecht. Dës Heterogeneitéit vun de Kenntnisser an de Savoir- fairen mécht d'Gréisst vum Lëtzebuerger Handwierk aus. D'Erhalen, d'Transmissioun an d'Fërdere vun dësem bemierkenswäerten Ierwe sinn d'Haaptziler vun der Associatioun De Mains de Maîtres. Hir Haaptmissioun ass et, déi zukünfteg EntwécklungvundeKonschthandwierksberuffer ze encouragéieren mat, am Kär vun all dësen Demarchen, dem Wëllen, eppes zum kulturelle Pluralismus bäizedroen, e Pluralismus, deen eis kënschtleresch Identitéit geformt huet, andeems en e favorabelt Ëmfeld fir nei Begéignungen an Entdeckungen op nationalem an internationalem Plang geschafen huet. Mir hoffen, dass d'Biennale De Mains de Maîtres eis Handwierker vun haut ureegt a begeeschtert, déi gestes et merveilles ze schafen, aus deenen eist Ierwe fir déi zukünfteg Generatioune bestoe soll. Stéphanie Grande-Duchesse Héritière de Luxembourg
Made with FlippingBook
RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=