De Mains De Maîtres - Biennale 2018 Catalogue de l'exposition

DE MAINS DE MAÎTRES | 9 Konschthandwierk zu Lëtzebuerg - vun Talent, Kreativitéit a Potenzial Nom Succès vun der Editioun 2016 gëtt dat prestigiéist fréiert Arbedsgebai um Rousegäertchen op en Neits zu enger Vitrinn vum Konschthandwierk an domat der Kreativitéit zu Lëtzebuerg. Niewent Lëtzebuerger Konschthandwierker ginn och Kënschtler aus de Länner ronderëm eis invitéiert an domat gi wichteg Brécke fir den Austausch geschaf. Zwee Joer nom Ergräife vun dëser Initiativ kann een op alle Fall soen, dass se dem Konschthandwierk en neien Elan a méi eng grouss Visibilitéit ginn huet. D’Thema vun der Ausstellung ass dëst Joer „Gestes et merveilles“, an déi ausgestallt Stécker sinn effektiv Zeie vu Gesten déi sëtzen a vu Kënschtler déi hiert Handwierk beschtens verstinn. Déi verschiddenst Materialien an Technike gi benotzt fir sech auszedrécken. Et stécht vill Potenzial an Talent am Konschthandwierk zu Lëtzebuerg an et ass wichteg, dat ze ënnerstëtzen an ze promovéieren. D’Wuerzele vum Konschthandwierk gi wäit zeréck an der Zäit an et huet deels ural Techniken als Basis. Dës si vu Generatioun zu Generatioun weidergereecht ginn a stellen domat och en Deel vun eisem Patrimoine duer. Denke mer mol nëmmen un d’Aulebäcker, déi hir Péckvillercher haut nach produzéieren an déi eng typesch Lëtzebuerger Traditioun duerstellen. D’Konschthandwierk fousst also op engem urale Savoir-faire, deen ëmmer nees nei interpretéiert gëtt a mat der Zäit evoluéiert. D’Handwierk ass zanter jeehier e wesentleche Bestanddeel vun eiser Gesellschaft a spillt haut och eng wichteg ekonomesch Roll. D’Initiativ „De mains de maîtres“ bréngt vläicht och deen een oder anere Jonken op de Goût vum Handwierk, an deem Beruffer mat Potenzial waarden. An engem Zäitalter, wou alles séier muss goen, Produktiounsprozesser automatiséiert ginn an d’Produktivitéit eng grouss Roll spillt, deet et gutt, Objete ronderëm sech ze hunn, déi duerch en opwändege Prozess op der Hand entstane sinn an deenen eng kreativ Iddi, en Entworf am Kapp, zu Gronn läit. Et sinn Unikater, déi eis interpelléieren, déi weisen, wéi vill Aarbecht an Talent an hinne stécht an déi eist Liewen och méi räich maachen. Mir wënschen der Ausstellung op en Neits e grousse Succès an de Visiteure vill Freed beim Entdecke vun de ville Facetten, déi d’Konschthandwierk huet. Xavier Bettel Kulturminister Guy Arendt Kulturstaatssekretär

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=