De Mains De Maîtres - Biennale 2021 Catalogue de l'exposition

Diana STEGMANN D'Diana Stegmann interpretéiert mat kreativem Virwëlz eng vun den eelsten Handwierkstechniken, nämlech d'Kierfmécherei. Fir si geet d'Weideflechterei wäit iwwer déi gewinnte Funktionalitéiten eraus. Hir Objete kombinéieren op eng exzellent Manéier dat traditionellt Handwierk mat moderner Konscht. Iwwer déi lescht Jore goufen dem Diana Stegmann seng Wierker mat deenen héchsten Auszeechnunge fir aussergewéinlech handwierklech Leeschtunge geéiert. All eenzelen Objet zeechent sech duerch en enormen Knowhow an héich Materialästhetik aus. Déi geflechte Gesamtform vum Kierper ass a sech organesch a fléissend a kombinéiert de Kontrast vun enger duusser Flechtform mat enger ongewéinlech pickeger Baussefläch. D'Diana Stegmann ass eng Virtuosin an der Flechtkonscht, déi si am Kader vun hirer Ausbildung un der staatlecher Beruffsfachschoul zu Lichtenfels erléiert huet. „D'Wuert „Kuerf“ deit ze vill op d'Verwendung vum Objet hin - mir geet et an éischter Linn ëm d'Material, mat deem ech schaffen: d'Weid.“ Beim Choix vum Material konzentréiert d'Diana Stegmann sech op d'Weiderutten, déi traditionell an Europa virkommen a verschafft ginn. An trotz dem erstaunleche Spektrum u Faarwen an hiren Objete benotzt si se nëmmen an onbehandelter Form.“ Avec sa curiosité créative, Diana Stegmann interprète l'une des plus anciennes techniques artisanales - la vannerie. Pour elle, le tissage en osier va bien au-delà des fonctionnalités habituelles. Ses objets sont une excellente combinaison de l'artisanat traditionnel et de l'art moderne. Ces dernières années, les œuvres de Diana Stegmann ont reçu des prix pour artisanat exceptionnel. Chacun de ses objets manifeste un savoir-faire incroyable et une haute esthétique des matériaux. La forme générale tressée du corps est organique et fluide en elle-même et combine le contraste d'une forme de tresse douce et d'une surface extérieure hérissée d'une manière inhabituelle. Diana Stegmann est une virtuose de l'art du tressage, qu'elle a appris lors de sa formation à l’école professionnelle d'État pour la vannerie a Lichtenfels. "Le terme 'panier' fait trop référence à l'utilisation de l'objet - je m'occupe principalement du matériau avec lequel je travaille : le saule." Le choix des matériaux de Diana se concentre sur les pointes de saule qui sont traditionnellement trouvées et transformées en Europe et malgré l'étonnant spectre de couleurs dans ses objets - elle ne sont utilisées que sous forme non traitée. With her creative curiosity, Diana Stegmann interprets one of the oldest craft techniques techniques - wickerwork. For her, wicker weaving goes far beyond the usual functionality. Her objects are an excellent combination of traditional craftsmanship and modern art. In recent years, Diana Stegmann's work has received awards for outstanding craftsmanship. Each of her objects shows incredible craftsmanship and high material aesthetics. The overall braided form of the body is organic and flowing in itself and combines the contrast of a soft braided form with an unusually spiky outer surface. Diana Stegmann is a virtuoso in the art of braiding, which she learned during her training at the State Vocational School for Basketry in Lichtenfels. "The term 'basket' refers too much to the use of the object - I am mainly concerned with the material I work with: willow." Diana's choice of materials focuses on willow tips which are traditionally found and processed in Europe and despite the amazing spectrum of colours in her objects - they are only used in unprocessed form. Photo : ©Frank Meurer DE MAINS DE MAÎTRES | 199

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=