De Mains De Maîtres - Biennale 2021 Catalogue de l'exposition

Voici que s’ouvre la troisième édition de la biennale « De Mains de Maîtres » au Luxembourg, un projet qui me tient particulièrement à cœur. Née en 2016, suivie d’une deuxième édition en 2018, la biennale s’inscrit lentement mais sûrement dans la durée et c’était là le vrai défi. J’en suis d’autant plus ravie que c’est une reconnaissance du formidable travail qu’accomplissent les talentueux artisans luxembourgeois. Ces métiers d’art, parfois méconnus ou oubliés, ne sont pas les plus visibles pour les jeunes qui s’engagent dans un apprentissage; ce ne sont pas les plus faciles à maitriser non plus. Pourtant, leurs travaux, leurs œuvres nous entourent, nous éblouissent alors même que bon nombre de disciplines artisanales se font rare, faute de relève. Ces métiers nobles sont tous profondément enracinés dans notre société. Ils perpétuent des traditions parfois séculaires et restaurent l’éclat des vestiges du passé tout en se trouvant en perpétuelle évolution pour innover, façonner et transformer les matières. Les artisans d’art représentent notre société dans sa diversité du 21e siècle tout en s’inscrivant dans une continuité historique. Après les mois difficiles sous le couperet de la pandémie et des pénuries de matériaux, je souhaite que nos créateurs d’art retrouvent un peu de stabilité qui permettra à nouveau à leur talent de briller. Ce serait probablement la plus belle des victoires à mes yeux si nos expositions suscitaient des vocations chez les jeunes. Stéphanie Grande-Duchesse Héritière de Luxembourg Déi drëtt Editioun vun der Biennale "De Mains de Maîtres" zu Lëtzebuerg geet elo op. E Projet deen, wéi Dir wësst, mir ganz besonnesch um Häerz läit. D’Biennale, déi 2016 an d’Liewe geruff ginn ass, an 2018 fir d’zweete Kéier organiséiert gi war, etabléiert sech lues awer sécher, an dat war déi gréissten Erausfuerderung. Dëse Succès freet mech ëmsou méi well dat eng Unerkennung fir déi formidabel Aarbecht vun talentéierte lëtzebuergeschen Handwierker ass. Déi dacks vergiessen an deelweis onbekannte Konschtberuffer si jonke Mënschen, déi eng Ausbildung ufänken, net onbedéngt geleefeg, an et sinn och net ëmmer déi einfachst Beruffer fir ze meeschteren. Dobäi si mir all Dag vun dësen Aarbechten a Konschtwierker ëmginn, a si beandrocken eis ëmmer erëm, obschonn vill handwierklech Beräicher opgrond vu Manktem un Nowuess ëmmer méi seele ginn. Dës nobel Beruffer sinn déif an eiser Gesellschaft verwuerzelt. Si féieren deels joerhonnertenal Traditioune virun déi, zu engem, de Glanz vun der Vergaangenheet erëmspigelen an, zu anerem, sech stänneg weiderentwéckelen andeems se innovéieren, d‘Material erneieren, nei formen a veränneren. D’Konschthandwierker vertrieden d’Villfalt vun eiser Gesellschaft vum 21. Joerhonnert a verschreiwe sech gläichzäiteg der historescher Kontinuitéit. No de schwéiere Méint vun der Pandemie an der Materialknappheet, hoffen a wënschen ech datt eis Konschtschafend elo nees eng gewësse Stabilitéit fannen déi hinnen et méiglech mécht nees mat hirem Talent ze glänzen. Et wier a mengen Aen dee gréisste Succès, wann eis Ausstellunge jonk Mënschen inspiréiere géifen. DE MAINS DE MAÎTRES | 7

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=