De Mains De Maîtres - Biennale 2021 Catalogue de l'exposition

Photo : ©Chris Kieffer Photo : ©Markus Igel / Terobes Arts Kelly KLAPP & Michèle SCHULER D'Michèle Schuler (53 Joer) an d'Kelly Klapp (28 Joer), d'Proprietärinne vun Oni's Workshop (Méchela), sinn en Team aus Mamm an Duechter, dat zanter 2017 Kostümer an Accessoiren hierstellt. D'Kelly huet Konscht an 3D-Design studéiert, an niewebäi och Kostümer entworf. Fir hir Léift zum Detail ass si mat e puer Präisser ausgezeechent ginn, ënner anerem zwee Mol beim Europäesche Concours fir Kostümer vu Blizzard an de Joren 2015 an 2016. Dohier staamt och hire Spëtznumm Oni. Hir Mamm, d'Michèle Schuler, begeeschtert vum Bitzen a vun historesche Kostümer, huet nach ëmmer fir sech selwer a fir d'Kanner, wou se nach méi kleng waren, gebutt. Spéider, wou sech deen Hobby ëmmer méi zu enger seriöer Aktivitéit entwéckelt hat, huet si hiert Meedchen ënnerstëtzt. D'Oni's Workshop S.ar.l.-S, déi et elo schonn zanter iwwer véier Joer gëtt, huet sech op d'Fabrikatioun vu Kostümer a spezielle Kleeder spezialiséiert. D'Michèle kennt sech aus am Bitzen, an der Broderie an an der Coupe vun historesche Modeller, hiert Liblingstheema ass d'18. Joerhonnert. D'Kelly verfüügt sengersäits iwwer déi néideg technesch Kenntnisser, wann et ëm speziellt Material wéi Thermoplasten a Lieder geet, a weess, wéi een och déi schwieregst Fantasiezeechnunge ëmsetzt. Michèle Schuler (53 ans) et Kelly Klapp (28 ans), propriétaires de Oni's Workshop (Michelau), forment une équipe mère-fille qui confectionne des costumes et accessoires depuis 2017. Kelly a étudié l'art et la conception 3D, tout en faisant des costumes en parallèle. Elle a remporté plusieurs prix pour son souci du détail, dont un double succès au concours européen de costumes Blizzard en 2015 et 2016. Ce qui lui a valu le surnom d’Oni. Sa mère, Michèle Schuler, passionnée de couture et de costumes historiques, cousait déjà pour elle et ses deux enfants lorsqu'ils étaient plus jeunes. Par la suite, elle a soutenu sa fille lorsque son passe-temps s’est transformé en activité plus sérieuse. Spécialisé dans la production de costumes et de vêtements spéciaux, Oni's Workshop S.ar.L-S existe maintenant depuis plus de quatre ans. Michèle a les connaissances en couture, en broderie et en coupes de modèles historiques. Le 18e siècle est son cheval de bataille, tandis que Kelly possède les connaissances techniques des matériaux spéciaux comme les thermoplastiques et le cuir et sait comment réaliser les dessins fantaisistes les plus difficiles. Michèle Schuler (53) and Kelly Klapp (28), owners of Oni's Workshop (Michelau), are a mother-daughter team who have been making costumes and accessories since 2017. Kelly studied art and 3D design, while making costumes on the side. She has won several awards for her attention to detail, including a double win at the Blizzard European Costume Competition in 2015 and 2016. This earned her the nickname Oni. Her mother, Michèle Schuler, a passionate sewer and historical costume enthusiast, was already sewing for her and her two children when they were younger. She later supported her daughter when her hobby turned into a more serious business. Specialised in the production of costumes and special clothing, Oni's Workshop S.ar.L-S has now been in existence for over four years. Michèle has the knowledge of sewing, embroidery and cutting of historical models. The 18th century is her area of expertise, while Kelly has the technical knowledge of special materials such as thermoplastics and leather and knows how to make the most difficult fantasy designs. DE MAINS DE MAÎTRES | 75

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=