Umlauf-Orrom Ulrike
D'Ulrike Umlauf-Orrom, gebuer 1953 an Nordbayern, huet no hirer Ausbildung zur Keramikerin industriellen Design zu Münche studéiert. No weidere Studien um Royal College of Art zu London krut si den Diplom Master of Arts in Ceramics and Glass. Wat si zum Schaffe mat Glas gefouert huet, war d'Zil, dat si mat de Surfacë vun hire Keramiksaarbechten erreeche wollt – eng duuss Transparenz voller Luminositéit. Zanterhier huet si ëmmer mat Glas geschafft an dobäi vill verschidden Techniken ausprobéiert. Haut benotzt si eng Fusing-Technik, déi si selwer entwéckelt huet. Mat enger breeder Gamm u Glasemaile verwandelt d'Ulrike duerchsichteg Glasplacken a saturéiert, faarweg Forme mat transparente Strukturen a linearen Texturen. Si léisst sech dobäi vun der Textilkonscht inspiréieren a wieft Sträng aus Faarwen a Loft an eng villschichteg Struktur aus Glas. Integréiert Loftblosen, déi wéi Polsterungen ausgesinn, verstäerken d'Interaktioun mam Liicht. Repetitiv Musteren an d'Ubrénge vu faarwege Formen zéien dem Beobachter seng Opmierksamkeet an d'Déift vum Glas. Déi scheinbar einfach, sober Aarbechte si skulptural Objeten. Si loossen op den éischte Bléck net de laangen a komplexe Prozess erkennen, dee mat hirer Kreatioun verbonnen ass. En Duch aus Glas, e gefruerene Stoft – Objeten, mat deenen de Beobachter sech kontemplativ ausenanersetze soll.