Zerrouk Didac
Den Didac Zerrouk, gebuer de 16. Mäerz 1994 zu Lëtzebuerg, ass e jonken Artisan luthier, dee sech mat engem Atelier zu Biwisch an engem Geschäft zu Clierf (am Norde vum Land) op d'Hierstelle vun Zupfinstrumenter spezialiséiert huet. No ville Stagen a Lutherie-Geschäfter an -Atelieren an der Belsch, an nodeem hien am Laf vu senger Formatioun bei der IFAPME (Limal-Belsch) zwee Mol Lutheries-Coursen zu Tétouan (Marokko) fir d'Associatioun MusicFund ginn huet, ass et schlussendlech zu Léck, wou hien e Maîtreluthier kenneléiert (de Renzo Salvador – Léck an der Belsch), dee seng Visioun vum Beruff wärend senger Léier bei him komplett op d'Kopp gehäit: „D'Lutherie ass d'Schafe vun engem eenzegaartege Museksobjet, woubäi ee ganz genee op dem Museker seng Besoine lauschtere muss. De Konschthandwierker muss da säi ganzen Knowhow, mat enger klenger Dosis Kreativitéit, asetzen, fir d'Dreem vum Museker erauszedestilléieren.“ Am Bestriewen, Instrumenter ze schafen, déi souwuel klanglech wéi och visuell an haptesch fir de Museker, eenzegaarteg sinn an erausstiechen, mécht hien 2018 um Enn vu senge Studien säin Atelier a Geschäft zu Clierf op. Zanterhier schafft hie fir a mat senger Passioun, andeem hien d'Grenze vum Material a vu sengem Knowhow ëmmer méi wäit no hanne verréckelt, fir Traditioun a Modernitéit an aussergewéinlechen Instrumenter ze kombinéieren, déi mat deem eenzegen Zil entworf, realiséiert a kreéiert ginn, Gefiller, Faarwen, Emotioune bei all deenen entstoen ze loossen, déi hire Wee kräizen.