Marianne Steinmetzer
D’Marianne Steinmetzer lieft a schafft um Briddel zu Lëtzebuerg. Zenter si als Keramikerin ugefaangen huet, schafft si am léifsten mat Porzeläin fir sech auszedrécken, e Material dat wéinst senger Beschafenheet a senger Rengheet opfält an dat eng stänneg Erausfuerderung ass wéinst senger Fragilitéit an senger Onstabilitéit beim Brennen. Si mécht gären Gefässer, munchmol gedréint oder opgebaut, mee virun allem a Gipsformen gegoss. Et entstinn Objeten mat Engoben a Reliefdekor oder mat flächegen Musteren déi mat Schablounen aus Pabeier opgedroen gouwen. All déi Arbechten entstinn aus der Ausernanersetzung mat deem wat si emgëd. D’Joreszäiten déi sech änneren, Fielsformatiounen, mee och bedréckten Stoffer oder ënnerlech Froen iwerdréit si a Faarwen, Formen a Rhythmen. All hir Aarbechten sinn Unikater oder kleng Serien.
Fir dës Ausstellung daucht d’Kënschtlerin an hir Erënnerungen an, fir zwee artistesch Projeten unzebidden, déi hir Iddi vum Territoire erëmginn: een an hir verankerte Schatz, deen hir Dreem a Wënsch befligelt. Esou dréckt deen éischte Projet hiren Interessi um Erhale vum architektonesche Patrimoine aus, an deen zweeten hir Immersioun an d’Textilkonscht, duerch d’Interpretatioun vu lëtzebuergeschen a portugisesche Motiver.