De Mains De Maîtres - Biennale 2021 Catalogue de l'exposition

Didac ZERROUK Photo : ©Caroline Martin Den Didac Zerrouk, gebuer de 16. Mäerz 1994 zu Lëtzebuerg, ass e jonken Artisan luthier, dee sech mat engem Atelier zu Biwisch an engem Geschäft zu Clierf (am Norde vum Land) op d'Hierstelle vun Zupfinstrumenter spezialiséiert huet. No ville Stagen a Lutherie-Geschäfter an -Atelieren an der Belsch, an nodeem hien am Laf vu senger Formatioun bei der IFAPME (Limal-Belsch) zwee Mol Lutheries-Coursen zu Tétouan (Marokko) fir d'Associatioun MusicFund ginn huet, ass et schlussendlech zu Léck, wou hien e Maîtreluthier kenneléiert (de Renzo Salvador – Léck an der Belsch), dee seng Visioun vum Beruff wärend senger Léier bei him komplett op d'Kopp gehäit: „D'Lutherie ass d'Schafe vun engem eenzegaartege Museksobjet, woubäi ee ganz genee op dem Museker seng Besoine lauschtere muss. De Konschthandwierker muss da säi ganzen Knowhow, mat enger klenger Dosis Kreativitéit, asetzen, fir d'Dreem vum Museker erauszedestilléieren.“ Am Bestriewen, Instrumenter ze schafen, déi souwuel klanglech wéi och visuell an haptesch fir de Museker, eenzegaarteg sinn an erausstiechen, mécht hien 2018 um Enn vu senge Studien säin Atelier a Geschäft zu Clierf op. Zanterhier schafft hie fir a mat senger Passioun, andeem hien d'Grenze vum Material a vu sengem Knowhow ëmmer méi wäit no hanne verréckelt, fir Traditioun a Modernitéit an aussergewéinlechen Instrumenter ze kombinéieren, déi mat deem eenzegen Zil entworf, realiséiert a kreéiert ginn, Gefiller, Faarwen, Emotioune bei all deenen entstoen ze loossen, déi hire Wee kräizen. Né à Luxembourg-Ville le 16 Mars 1994, Didac Zerrouk est un jeune artisan luthier spécialisé dans la réalisation d'instruments à cordes pincées ayant son atelier à Biwisch et magasin à Clervaux (Nord du Grand Duché de Luxembourg). Ayant fait de nombreux apprentissages auprès de magasins et ateliers de lutherie en Belgique et ayant donné cours de lutherie à Tétouan (Maroc) pour l'association MusicFund à deux reprises au cours de sa formation à l'IFAPME (Limal-Belgique) c'est à Liège qu'il fait la connaissance d'un maître-luthier (Renzo Salvador – Liège Belgique) qui changera totalement sa vision du métier : « la lutherie est la création d'un objet musical unique, à l'écoute absolue des besoins du musicien, auquel l'artisan d'art apporte tout son savoir-faire et une pincée de créativité pour en extraire les rêves du musicien ». Désirant pouvoir créer des instruments uniques et percutants tant au niveau sonore que visuel et tactile pour le musicien, il ouvre son atelier et magasin à Clervaux en 2018 à la fin de ses études. Depuis lors, il vit de sa passion, repoussant les limites des matériaux et de son savoir-faire afin d'allier tradition et modernité dans des instruments exceptionnels pensés, réalisés et mis au monde dans le seul but de créer des sensations, des couleurs, des émotions chez tous ceux qui en croiseront leur chemin. Born on March 16th 1994 in Luxembourg City, Didac Zerrouk is a young luthier who's workshop is based in Biwisch and has a shop in Clervaux (both in the North of Luxembourg) and specialized in stringed instruments. During his studies at the IFAPME (Limal-BELGIUM) he did multiple interships at music shops and luthier workshop all around Belgium and went to teach guitarmaking and repairs in Tetouan (MORROCCO) twice for the association MusicFund. That's also when he practiced at one of his main masters' workshop (Renzo Salvador - Liège BELGIUM) who changed his entire view on the craft : « Lutherie is the act of creating a musical object that stricly responds to a musician's needs where the craftsman puts all his knowledge in as well as a little creative touch so as to bring to life all of the musician's dreams ». Having the desire to create unique and stricking instrument, he opens his first workshop in Clervaux in 2018 after finishing his studies. Since then he works with passion to create truely unique and exceptional instruments that push the boundaries of his craft as well as the materials he uses, combining tradition and modernity having as only purpose to induce feelings and emotions to those who cross the instrument's path. DE MAINS DE MAÎTRES | 153

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=