De Mains De Maîtres - Biennale 2021 Catalogue de l'exposition

Les Artistes Belges Fir d'Editioun 2021 wollt De Mains De Maîtres de belsche Kënschtler eng Bün ginn, an huet BeCraft agelueden, e Beruffsverband, deen d'Konschthandwierk aus de Regioune Wallounien a Bréissel valoriséiert. Am Ganze wäerten 13 vun den talentéiertste Kënschtler eis ronn véierzeg Wierker am Foyer vum 19Liberté presentéieren. BeCraft ass e Fachverband, deen d’Konschthandwierk an de belsche Regioune Wallonie a Bréissel soll fërderen. Dobäi huet ee sech véier weesentlech Ziler gesat: Ënnerstëtzung a Fërderung vun de Memberen an der Belsch an am Ausland, Informatioun a Formatioun vum Public an de Fachleit. Dës Ziler ergi sech aus den dräi grousse Bestriewungen, deenen d’Associatioun sech zanter hirer Grënnung verschriwwen huet, woubäi d’Valoriséierung vun de Kënschtler vun der Federatioun Wallonie-Bruxelles an dem Konschthandwierk d’Kärelement vun hirer Aarbecht ass. Fir dësen éischte Punkt ze realiséieren, ass en Netzwierk néideg. BeCraft këmmert sech hei ëm de kontinuéierlechen Ausbau a schafft zanter senger Grënnung enk mam WCC Europa bannent der internationaler Struktur vum World Crafts Council zesummen. Dëse Reseau, dee BeCraft ënnerhält, soll de kënschtlereschen Austausch tëschent der belscher an der auslännescher Kreatioun fërderen an domat och den Dialog; d’Konschthandwierk soll stimuléiert an e gewësse Wettäifer provozéiert ginn. 156 | DE MAINS DE MAÎTRES

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=