De Mains De Maîtres - Biennale 2021 Catalogue de l'exposition

Les Artistes Allemands E grousse Merci un d'Schnuppe von Gwinner, eng grouss Spezialistin vum Konschthandwierk an Däitschland, déi eis bei dëser Editioun begleet huet. Si huet ënnert deene beschte Kënschtler an hirem Land aacht Konschthandwierker ausgewielt, fir eis eng aussergewéinlech Kollektioun vu seelenen an héichwäertege Wierker weisen ze kënnen. D'Unzéiungskraaft vu Konscht, Handwierk an Design hunn d'Konschthistorikerin Schnuppe von Gwinner dozou bruecht, sech scho fréi op dëse Beräich vun der europäescher Kultur ze spezialiséieren. An de Beräicher kreativ Kommunikatioun a Marketing vum europäesche Konschthandwierk gëllt si als absolut Expertin, dofir gouf si och fir vill Konschthandwierksprojeten an Europa als Project Manager a Beroderin erugezunn. Si schafft europawäit fir Associatiounen an Institutiounen, déi kreativen Handwierker an hirer Regioun innovativ Méiglechkeeten an domat och nei ekonomesch Opportunitéiten ubidden. Am Optrag vun Design-Fakultéiten an -Institutiounen enseignéiert d'Schnuppe von Gwinner kreative Marketing. Als Dozentin lenkt si d'Opmierksamkeet op d'Schnëttstell tëschent Traditioun an Innovatioun, d. h. op zukunftsorientéiert Trends an hir kulturell, sozial an ekonomesch Fundamenter. Als vill gefrote Jurysmember a Kuratorin war si u ville wichtege Concoursen an Ausstellungen iwwerall an Europa bedeelegt. Zanter 2004 leet d'Schnuppe von Gwinner „craft2eu“, eng Agence fir europäescht Konschthandwierk & Design - vu 2004 bis 2014 och als Galerie zu Hamburg. Si huet do mat vill Viraussiicht dat Aussergewéinlecht a ganz Speziellt a verschiddenen Theemenausstellunge reflektéiert. Als Autorin schreift d'Schnuppe von Gwinner Rezensiounen an Essaye fir Zäitschrëften a Katalogen an si huet och eng Rei Bicher publizéiert. 2005 huet si blog.craft2eu.net lancéiert, e Site, dee sech mat der europäescher Konschthandwierk- an Designkultur befaasst, eng Schatzkëscht voller Inspiratioun, an där si reegelméisseg iwwer Ausstellungen, Evenementer, Plazen, d'Konschthandwierk, den Design an d'Protagonisten dovunner bericht. Haut lieft si zu Leipzig, wou si als Freelancerin schafft. Iwwer verschidde Projeten ass si enk mam GRASSI Museum for Applied Arts a sengem Freundeskreis verbonnen. Remercions Schnuppe von Gwinner, grande spécialiste du Craft en Allemagne de nous avoir accompagné sur cette édition et d’avoir effectué une sélection de huit artisans d’art de son pays, afin de nous proposer une collection exceptionnelle d’œuvres rares et de très haute facture. L'attrait pour les arts, l'artisanat et le design a conduit l'historienne de l'art Schnuppe von Gwinner à se spécialiser très tôt dans ce domaine de la culture européenne. Experte en communication créative et en marketing de l'artisanat européen, elle est chef de projet et consultante pour de nombreux projets d'artisanat européen. Dans toute l'Europe, elle travaille pour des associations et des institutions qui présentent aux artisans d’art de leur région des options innovantes et donc de nouvelles opportunités économiques. Pour le compte de facultés et d'institutions de design, Schnuppe von Gwinner enseigne le marketing créatif. En tant que conférencière, elle attire l'attention sur les interfaces entre tradition et innovation et donc sur les tendances d'avenir et leurs fondements culturels, sociaux et économiques. En tant que jurée et conservatrice recherchée, elle a participé à de nombreux concours et expositions de premier plan dans toute l'Europe. 184 | DE MAINS DE MAÎTRES

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=