Previous Page  5 / 160 Next Page
Information
Show Menu
Previous Page 5 / 160 Next Page
Page Background

DE MAINS DE MAÎTRES

| 7

D'Handwierk.

D'Séil vun engem Land,

de Räichtum vum Grand-Duché

Et war mir eng grouss Éier, de Jury, deen d'Wierker

fir dës Ausstellung erausgesicht huet, kënnen ze

presidéieren.

Wat eng Freed, esou vill Talenter mat engem sou

wäertvolle Savoir-faire ze entdecken! Mir kënne

wierklech stolz op si sinn.

D'Talenter vun de Mënschen an eisem Land sinn esou

villsäiteg, si verdéngen et, speziell ervirgehuewen ze

ginn.

Ech hoffen a wënsche mir vun Häerzen, datt dës

Ausstellung vill Leit unzitt, fir datt si d'Lëtzebuerger

Handwierk entdecken a bewonneren. Vläicht gëtt se jo

deem engen oder anere Jonken oder manner Jonken

de Goût, en Handwierksberuff ze léieren, e Beruff,

deen ëmmer voller Zukunft ass.

Et fënnt ee seelen en Handwierker, dee säi Beruff

net aus Leidenschaft mécht. Si hunn e grousse

Savoir-faire a wëllen hiert wäertvollt Kënnen u

jonk Talenter viruginn. Ëmsou méi traureg ass

et ze héieren, datt an deenen nächsten 10 Joer

ongeféier 3000 kleng a mëttler Entreprisen eventuell

Problemer kréien, een Nofolger ze fannen, deen

hire Betrib wëll oder kann iwwerhuelen. Wéi schéi

wier et, wann déi Jonk géife realiséieren, wéi vill

Potential an Entfalungsméiglechkeeten an den

Handwierksberuffer stiechen!

Och an Zukunft kann d'Welt net op d'Handwierk

verzichten. D'Handwierk war, ass a bleift eng wäertvoll

Stëtz vun der europäescher Wirtschaft. Virun e

puer Joerhonnerte war d'Handwierk héich ugesinn;

vill Jonker, op der Sich no enger schéiner, wann och

schwéierer Carrière, ware begeeschtert vun engem

Liewen als Gesell.

Natierlech hunn eis Besoine mat der Zäit

geännert, d'Wichtegkeet an de Wäert vum

Handwierk sinn awer déiselwecht bliwwen.

Et kann een och feststellen, datt d’Verbraucher

de mënschleche Kontakt an d'Authentizitéit

hautdesdaags nees méi sichen a schätzen.

D'Industrialisatioun ass eng gutt a wichteg

Saach, mee si kann d'Handwierk ni ganz

ersetzen, well dat eent ouni dat anert net kann

existéieren.

Aus all deene Grënn wäerten d'Handwierks-

beruffer ni ausstierwen an ech hoffen, datt si

ëmmer eng héich Unerkennung kréien.

Ech géif gär d'Handwierksleit uechter d'ganzt

Land encouragéieren an hinne vu ganzem

Häerze fir hir Aarbecht felicitéieren.

Mäi Wonsch wier et, datt dës Ausstellung den

Handwierker déi Unerkennung bréngt, déi si

wierklech verdéngen.

Stéphanie

Grande-Duchesse Héritière de Luxembourg