Previous Page  7 / 160 Next Page
Information
Show Menu
Previous Page 7 / 160 Next Page
Page Background

DE MAINS DE MAÎTRES

| 9

Vun der Konscht vum Handwierk an

dem Handwierk vun der Konscht

Den Titel vun der Ausstellung „De mains de maître“,

wat ee mat „aus Meeschterhand“ kéint iwwersetzen,

trëfft den Nol op de Kapp. An deem Ausdrock fënnt

een d’Kënnen an d’Passioun erëm, déi néideg sinn, fir

Objete wéi déi, déi een an der Ausstellung ka gesinn,

ze schafen. D’Handwierk steet der industrieller

Masseproduktioun géintiwwer, et stellt d’Aarbecht vu

Mënschenhand an de Mëttelpunkt, et verbënnt eis a

begleet eis dacks iwwer Generatiounen.

D’Handwierk ass ee wichtege Pilier vun eiser Kultur.

An der Antiquitéit ass nach keen Ënnerscheed

gemaach ginn tëschent engem Kënschtler an

engem Handwierker. Am Laf vun der Zäit awer

ass eng gewëssen Trennung entstanen. Alle béid

stinn se awer nach haut fir Eenzegaartegkeet an

Originalitéit. De Createur ass vun Ufank bis zum

Schluss un der Produktioun bedeelegt an huet bis

zur Fäerdegstellung Afloss op d’Resultat, doduerch

erhéicht sech net nëmmen deem säi materiellen, mee

och säin emotionale Wäert.

D’Handwierk ass awer och een essentielle Pilier vun

eiser Economie. Et ass den décksten Employeur hei am

Land, mat iwwer 80.000 Beschäftegten.

D’Ausstellung ass ouni Zweiwel an engem vun de

prestigiéiste Gebaier vun der Stad. 1922 amOptrag vun

der fréierer Stolgesellschaft ARBED opgeriicht, steet

dat aalt Gebai um Rousegäertche fir Wäertegkeet,

Stil an Know-how. D’Ausstellung werft Froen op an

dierft de Visiteur dozou bréngen, iwwer d’Begrëffer

Produktioun, Konscht an Handwierk zu Lëtzebuerg an

an Europa nozedenken.

Et freet eis besonnesch, dass esou vill Leit vu

Lëtzebuerg an aus der Groussregioun dem Appell

nokomm sinn, fir bei dëser Ausstellung matzemaachen

an doduerch d’Synergien, déi tëschent Konscht a

Konschthandwierk bestinn, ze verstäerken.

Mir felicitéieren der ierfgroussherzoglecher Koppel

fir d’Initiativ vun dësem villverspriechende Projet a

soen der Chambre des Métiers, der Spuerkeess an

all deenen, déi zum Succès vun dëser Ausstellung

bäigedroen hunn, en häerzleche Merci. Mir wënschen

de Visiteuren interessant Momenter op dëser

Ausstellung, déi Innovatioun an Traditioun verbënnt

an eise kulturelle Räichtum an d’Vitrinn stellt.

Xavier Bettel

Kulturminister

Guy Arendt

Staatssekretär am Kulturministère

« D i e K u n s t h a t d a s H a n d w e r k n ö t i g e r a l s

d a s H a n d w e r k d i e K u n s t . »

F r a n z K a f k a