

DE MAINS DE MAÎTRES
| 131
De Jean-Paul Thiefels ass 1952 zu Lëtzebuerg
gebuer. D’Léift zur Natur an zur Konscht grad wéi
d’Geschéckerlechkeet huet hie vu sengem Papp
geierft. Sou huet hie ganz fréi geléiert, net nëmmen ze
kucken, mee ze gesinn. Dofir ass et net verwonnerlech,
dass aus deenen Affinitéiten eppes Artistesches a
Kreatives entstan ass. Nodeems hien ufanks e puer
praktesch Objete wéi kleng Dëscher oder aner kleng
Miwwelstécker aus Eenzelstécker, déi en aus dem
Bësch matbruecht huet, geschafen huet, huet hien
ugefaangen, sech fir déi kënschtleresch Skulptur ze
passionéieren, eppes, wat hien elo schonn zënter 10
Joer mécht.
Seng ganz organesch Skulpturen zeechne sech duerch
hir natierlech a fléissend Formen aus, déi sou munch
een als sensuell bezeechent, an déi d’Leidenschaft
vum Kënschtler ausstralen. Aus der Oppositioun vu
poléierten Uewerflächen an deenen, déi natierlech
gelooss gi sinn, entstinn Tensiounen an de Formen,
déi engem Loscht maachen, se unzepaken, fir se ze
erfaassen. D’Devise vum Kënschtler ass: «Eng Konscht
a vill Léift».
Jean-Paul Thiefels est né en 1952 à Luxembourg.
L’amour pour la nature, les arts ainsi que l’habileté
manuelle lui a été transmis par son père. C’est ainsi
qu’il a appris très tôt non seulement à « regarder » mais
aussi à « voir » les choses. Il n’est donc en rien étonnant
que ces affinités ont abouti à un déploiement artistique
et créatif. Réalisant au début quelques objets pratiques
tels que tables basses ou autres petits mobiliers à
partir de pièces uniques rapportées des bois, cette
passion s’est dirigée vers la sculpture artistique qu’il
pratique maintenant depuis plus de dix ans.
Ses sculptures, très organiques, se caractérisent
par leurs formes naturelles et fluides, que d’aucuns
ressentent comme sensuelles, et qui rayonnent de la
passion de l’artiste. Des tensions vibrantes naissent
dans les formes de l’opposition de surfaces polies
à celles laissées au naturel et donnent envie de les
toucher pour bien les appréhender. La devise de
l’artiste : « un Art et beaucoup d’Amour »
Jean-Paul Thiefels is born in 1952 in Luxembourg. His
love for nature, arts and manual skills comes from his
father. That is how he learns, from the early age, not
only to « look » but also to « see » things. It is therefore
not surprising that his affinities ended in a creative and
artistic deployment. Achieving at first practical objects
such as coffee tables or other small furniture from
wood brought back from forests, his passion turns
towards artistic sculpture that he practices now since
more than 10 years.
His sculptures, very organic, are characterised by
natural forms and fluids that some finds sensual
and which radiate from the artist passion. Vibrating
tensions arise from the forms, from the opposition of
polished to natural surfaces, and make want to touch
them to apprehend them well. The motto of the artist:
“Art is lots of Love”.
Jean-Paul
THIEFELS